Dir wëllt Tennis spillen, keen Problem :-)

 Den TC Grevenmacher hëlleft eis weider bis eis Terrainen rem bespillbar senn. 
Dobaussen
- Dir reservéiert Terrains dobaussen iwert de Buchungssystem Balle-Jaune: https://ballejaune.com/club/tcgrevenmacher
- Mir hunn ee Benotzerkonto fir den TC Echternach gemaach (Login: TCEchternach , Passwuert: CPTx94)
- Mat desem Benotzerkonto kënnt dir 6 Stonnen reservéiren (dh wann dir 6 Stonnen gebucht hutt, musst dir warden bis eng vun dese Stonnen gespillt ass, fir nees eng nei Stonn buchen ze kënnen). An anere Wieder: dir kënnt zu all Zäitpunkt maximal 6 Stonnen reservéiert hunn. Insgesamt kënnt dir awer sou vill Stonnen buchen, wéi dir wëllt.
- Et muss een ëmmer 2 Spiller uginn. Spiller Nummer 1 ass automatesch "TCEchternach". Wielt als 2. Spiller einfach ëmmer "Gast".
- Zougang fir op d'Terrains an an d'Vestiairen kritt dir via e Badge. Kann ee vun eech dese Badge ofhuelen oder soll ech ärem Trainer dee ginn? Ären Trainer huet och schou sou ee Badge vu mir kritt.
- Dir braucht näischt heifir ze bezuelen, dir kritt dat aus Solidaritéit gratis.
- Terrains dobaussen wéi gewinnt virum spillen mat der Berieselungsanlag netzen

An der Hal
- An der Hal kënnen är Memberen direkt Terrains via hiren persènlechen Login buchen: https://ballejaune.com/club/tehalest  Opgepasst: fir d'éischt bei tcgrevenmacher ausloggen, éier dir eech bei tehalest aloggt, an emgedréit, well soss spënnt d'Software. Falls sie nach kee Login hunn, kënne sie via d'Software een ufroen. An der Hal ass den Tarif 16 Euro fir Privatleit. Fir ären Training verrechne mir awer näischt.
 
Falls dir nach Froen hudd. Mëllt iech hei oder via Tel: op 621 211 233